Gitt Är verdächteg E-Mailen u SPAMBEE weider. Esou ka SPAMBEE den zoustännegen Experte wichteg Informatioune liwweren, fir géint Cyberkrimineller virzegoen. Déi fir d'Analyse wichteg Daten ginn direkt u SPAMBEE weidergeleed, net awer Är perséinlech Daten.
SPAMBEE, eng gemeinsam Initiativ vu BEE SECURE, der CNPD an dem Cybersecurity Competence Center Luxembourg (C3), erlaabt Iech verdächteg E-Mailen analyséieren ze loossen, fir festzestellen ob et sech em SPAM oder Phishing handelt.
SPAMBEE ass en Tool mat dem Dir verdächteg E-Maile ganz einfach un Experte weiderleede kënnt, déi dann eng vollstänneg Diagnos maachen. All Analys vun engem suspekte E-Mail speist eng Datebank vun Absender déi gepaart solle ginn. Op dës schwaarz Lëscht kann all SPAMBEE-User zougräifen. Esou gëtt den Anti-Spam Filter mat Hëllef vun all eenzelen verbessert.
SPAMEE ass en Plug-in , , den op deene meeschte Browser an E-Mail-Clients kann installéiert ginn. Wa bis installéiert, kann ee mat engem einfache Klick verdächteg E-Mailen un eis Experte weiderleeden, déi dDaten analyséieren.
SPAMBEE schützt Är perséinlech Donnéeën am Aklang mat RGPD, well nëmmen déi technesch Date vun der E-Mail iwwerdroe ginn, net de Contenu oder den Destinataire.
Den Destinataire kann awer wielen ob en de Rapport vun der Analyse wëll kréien. Nëmmen an dem Fall gëtt seng E-Mail Adress gespäichert

